Ouschtereeër Aktion fir de gudden Zweck

vendredi 2 avril 2021 13:00-15:00, Kannerduerf Miersch

De Rotary Dikkrech-Ettelbréck lanceiert eng Ouschtereeër-Aktioun zesummen mat dem Lëtzebuerger Kannerduerf fir de gudden Zweck.

Mam Erléis vun der Aktioun sollen d’Kanner am Kannerduerf kënne bitze léieren a kreativ Saache gestalten. Leedgedanken: Aus aal gëtt nei, eis Kanner léiere bitzen

Ënnert der Leedung vun der Konscht-Therapeutin aus dem Kannerduerf soll e Bitz-Atelier am Sënn vu Nohaltegkeet entstoen. Mat der Acquisitioun vun 3 Bitzmaschinnen an enger Surjeteuse kënnen zukünfteg Projeten am Beräich upcycling realiseiert gin – Kreativitéit, Gedold a Fangerspëtzegefill sin wichteg Eegeschaften, déi d‘Kanner dobäi kënnen entwecklen.

Wéi könnt Dir matmaachen ?

Mat dem Kaaf vun engem gefëllten Prâliné-Ouschteree vun OBERWEIS, déi des Aktioun mat ennerstëtzen, helleft Dir déi neideg Somme zesummenzedroën. Den Netto-Erléis ass fir de Kaaf vun de Bitzmaschinen.

Mir freeën eis iwwert Är Commande, déi Dir könnt machen bis Méindes, den 29. Mäerz, iwwert Harmony oder mail un de President Mathias Münster : mmunster@pt.lu

De Preis vun engem Ee ass Euro 45.- z‘iwwerweisen w.e.g. op de Rotary-Kont BIL LU89 0027 1153 5520 0000.

Ofhuelen könnt Dir d‘Schoklas-Ouschtereeër um Karfreideg, 2.4.2021 tëscht 13:00 a 15:00 am SOS Kannerduerf zu Miersch : 10, rue Hermann Gmeiner L-7534

Sammelbestellungen können och geliwwert gin.

Mat Ärem Kaaf ënnerstëtzt Dir e wertvolle Projet fir eis Kanner a Jugendlech.


Inscriptions

La date limite d'inscription est dépassée